Zeremonienmeister

Zeremonien&shymeister

Dat Erwaart dech

Stellt Iech vir:

Dir sidd 1-1,5 Joer am gaangen ze Plangen an investéiert ganz vill Suen. Et ass esou weit den groussen Dag ass endlech do an… et ass keen do wou Planung um Dag selwer ëmsetzen kann!

Oft héiert een, dass Brautpuer um Dag vun hirer Hochzäit gestresst ass an dowéinst hiren Dag net genéissen kennen. All Mënsch huet 100 Froen zum Oflaf an Déngschtleeschter, wëssen net, wéini se wou hin mussen.

Koordinatioun vum Dag soll net Aufgab vun ärer Trauzeugin oder Mamm sinn… Loosst är Léifsten och Gaascht sinn an haalt Iech se als emotional Ënnerstëtzung un ärer Säit. 

Genéisst een vun ären schéinsten Deeg am ärem Liewen ouni Stress an frot mech fir ären Zeremonienmeister ze sinn.

Ech halen Iech um Hochzäitsdag den Réck frei, koordinéieren op der Platz alles mat den Déngschtleeschter an sinn och fir är Gäscht den éischten Uspriechpartner. Ech kucken ob all Detail fir dass ären Dag perfekt geet. 

Firwat ech Leeschtung vum Zeremonien&shymeister empfeelen?

  • Dir fokusséiert Iech op Är Famill an Frënn an kennt esou ären Dag zu 100% genéissen.
  • Dir kritt een strukturéierten Dagesplang an et ginn keng Lächer. Jiddereen weess wéini wat ze maachen ass.
  • Dir hudd een Uspriechpartner bei all Fro.
  • Dir spuert Zäit bei de Virbereedungen um Hochzäitsdag. 
  • Dir gidd psychesch Entlaascht a stresst Iech manner. 

LooSST IEch Beroden

Séchert Iech elo een onverbindlecht Berodungsgespréich.

Ech versécheren Iech, mech an deenen nächsten 48 Stonne bei Iech ze mellen!

de_LULëtzebuergesch