Iwwer mech als Weddingplanerin

Ech sinn d’Mia, 1992 gebuer an kommen aus Lëtzebuerg. Ech sinn een oppenen, spontanen an lëschtegen Mënsch.

Duerch meng eegen Hochzäit ass meng Leidenschaft, Hochzäiten ze organiséieren, ëmmer méi grouss ginn. An hei sinn ech elo, wir gemeinsam mat Iech, Är Dramhochzäit ze plangen. 

Meng Missioun als Wedding­planerin​

Ech suergen dofir,  dass Är Hochzäits Virbereedungen mat vill Léift an Freed verbonnen sinn.  Dir sollt ëmmer wëssen, wat den nächsten Schrëtt ass, an domader een vollen Duerchbléck an Ären Virbereedungen hunn. Dir sollt  een entspaanten Hochzäitsdag hunn, an Iech kennen zeréck leenen an genéissen.

Är Gäscht sollen no Ärem groussen Dag einfach nëmmen beandrockt sinn!

Aimer, ce n'est pas se regarder l'un l'autre, c'est regarder ensemble dans la même direction.
Antoine de Saint-Exupéry

Loosst Iech Beroden​

Séchert Iech elo een onverbindlecht Berodungsgespréich.

Ech versécheren Iech, mech an deenen nächsten 48 Stonne bei Iech ze mellen!

 

10 Fakten Iwwer mech

– Ech sinn een Mënsch den gär an vill laacht

– Meng Famill an Frënn sinn mir immens wichteg

– Fir ofzeschalten brauch ech Musek

– Kaffi drénken ech just schwaarz

– Ech brauch immens laang vir mäin Drink eidel ze drénken.

– ⁠An mengem Me time fueren ech Moto

– ⁠Ech plangen aus Leidenschaft gär

– ⁠Ech hunn 4 Tattooen

– ⁠Mat 27 Joer sinn ech vir 1 Mamm ginn

– ⁠Ech hunn mäin Mann am Lycee kennengeleiert

de_LULëtzebuergesch