Teilplanung

Teilplanung

Dat Erwaart dech

Dir hutt et genau sou gär wéi ech Hochzäiten ze plangen? Dann loosst et eis dach zesummen maachen. Ech hëllefen Iech bei Ärer Planung an Strukturéierung an ginn Uecht, den rouden Fuedem net ze verléieren. Dir siicht Iech, Är Dram-Location eraus an zesumme fanne mir déi Déngschtleeschter, déi zur Ärer Virstellung passen. 

Ech maachen Iech een Budget- an Zäitplang, deen mer wärend der ganzer Zäit am Bléck hunn an updaten.

Wann Dir schonn voll an der Planung sidd an Iech awer nach Déngschtleeschter feelen, dann  zéckt net an kontaktéiert mech, domadder ech Iech déi feelend Déngschtleeschter proposéieren kann. 

Fir eis géigesäiteg ob dem neisten Stand ze halen, féiere mir wärend der gesamter Zäit gemeinsam Planungsgespréicher.

Ech stinn Iech wärend der gesamter Zäit als Uspriechpartner zur Säit.

Wisou ech Teilplanung empfeelen

Den Virdeel bei der Teilplanung leit definitiv dorun, dass Dir mech als grouss Ënnerstëtzung hutt. Genausou wei bei der Komplettplanung wäert ech Iech wärend der gesamter Zäit ënnerstëtzen an fir Froen an Ureegungen zur Verfügung stoen.

Wann der Iech an der Hochzäitsbranche net sou sécher fillt, dann proposéieren ech Iech Déngschtleeschter, déi zu Ären Wënsch an Virstellungen passen an géif dann, mat hinnen an Kontakt trieden.

Ech wäert Iech emotional ënnerstëtzen an den Budgetsplang stänneg am Bléck halen.

Dir wäert méi stressfräi plangen kennen, well der mech als Hëllef hutt, een stännegen geupdaten Käschten Iwwerbléck an mat engem vill besseren Gefill dem groussen Dag entgéint goen kennt, well ech sinn ëmmer vir Iech do!

LooSST Iech Beroden

Séchert Iech elo een onverbindlecht Berodungsgespréich.

Ech versécheren Iech, mech an deenen nächsten 48 Stonne bei Iech ze mellen!

 

de_LULëtzebuergesch