Iwwer mech als Weddingplanerin

Wéi ech zu Weddingplanerin ginn sinn

Komm mir fänken a menger Kandheet un. Hei wosst jiddereen, dass ech super gär organiséieren. Keen war virun enger Iwwerraschungsparty sécher. Keng Panik, ech weess, dass Är Hochzäit op kee Fall mat engem Gebuertsdag ze vergläichen ass. Fir eng Hochzäit geet et kee Prouf Dag an, beschtefalls geet een och just emol Bestuet. 

Duerch meng eegen Hochzäit hunn ech gemierkt, och wann ee selwer gäre plangt, een trotzdeem den Dag selwer eng Persoun brauch déi koordinéiert. Dës soll op kee Fall eng Persoun aus dem enksten Ëmfeld sinn. Persoun soll sech an da Hochzäits Branche auskennen. Dowéinst hunn ech mech dozou entscheet meng Passioun zu mengem Beruff ze maachen a mech ëmmer um neiste Stand ze halen, fir dass dir ni wäert eng 08-15 Hochzäit feieren a Stress op ärer Hochzäit verspieren. 

Meng Philosophie

als Weddingplanerin zu Luxemburg

Ech sinn net déi Persoun déi mat Glitzer ëm sech geheit. Ech sinn dat, dat am Hannergrond all Riedchen dréint, dass dir Äre grousse Moment genéisse kënnt. Ech sinn dat, dat och ee kille Kapp behält, wann de Wand engem em Ouere bléist.

Eng Hochzäit ass keng Printerest- Fotostory, Vun der Schwéiermamm déi mengt si misst alles kontrolléieren, bis bei de Fotograf deen sech verfuer huet. Ech hu scho méi “Dramaen” geléist wéi en Urgence-Dokter Plooschtere gepecht huet.

Wann dir eng Planerin sicht déi iech just mat Käerzen a Blummen zouschëtt, da sinn ech net déi richteg Persoun. Wann dir awer eng sicht déi och nach d’Nerve behält wann de Kuch ëmfält, d’Freiriednerin hiren Text vergiess huet an d’Wieder mécht wat et wëll dann si mir um selwechten Niveau.

Well um Enn vum Dag ass et just wichteg dass dir als Koppel Äre Moment genéisse konnt. An dozou gehéiert datt dir eng Weddingplanerin un Ärer Säit hutt déi alles am Grëff huet och wann d’Welt ënnergeet.

Ech si knallhaart an éierlech, ouni Firlefanz, mat der néideger Rou a Gedold fir all Situatioun ze meeschteren.

Wat bedeit Ästhetik an Exklusivitéit fir mech?

Ästhetik ass ganz kloer net 1 Konzept, dat 1 zu 1 aus dem Hochzäitskatalog kennt. Eng Locatioun huet hir Séil, net well se “trendy” ass, mee well se CHARAKTER huet an duerch Ären individuelle Style looss dir Är perséinlech Nout dran afléissen. Ästhetik ass fir mech eppes wat WIERKUNG huet, net eppes wat een op Printerest kopéiert. Et ass d’Konscht ze wësse wat eng Plaz, eng Stëmmung, ee Moment ausmécht.

Exklusiv heescht net deier oder Luxus. Et heescht ze wësse wou déi RICHTEG Plazen an déi RICHTEG Momenter sinn. Exklusiv läit an den Detailer déi een net ka kopéieren, well si aus dem Häerz kommen a just zu Iech als Koppel passen.

Sarah P.
Sarah P.
Als Trauzeugin sinn ech ganz dankbar fir dem Mia seng Arbecht bei der Hochzait vu menger Frendin. Hat war emmer ereechbar an konnt all Fro beäntwerten an all Onkloerheeten aus dem Wee schaafen. Den Daag selwer huet hat sech immens léif em eis all gekemmert, an un alles geduecht, sou dat mir guer kee Stress haaten. Merci dir deng Arbecht Mia!
Claudine
Claudine
Mia war einfach GROSSARTIG! Ich weiss gar nicht was wir ohne sie gemacht hätten. Am Anfang unserer Hochzeitsplanung hatten wir Zweifel ob wir überhaupt die Hilfe einer Weddingplannerin brauchen und haben uns dann aber doch dazu entschieden Mia für den Tag unserer Hochzeit zu buchen. Und wie froh wir über diese Entscheidung waren!!! Wir waren schon vor der Hochzeit regelmässig mit Mia in Kontakt. (...)
Patricia Venancio
Patricia Venancio
Einfach WOW! 🤍 Was hätten wir ohne Dich getan? Am Anfang waren wir unsicher, ob wir wirklich einen Koordinator hatten. Aber es hat sich auf jeden Fall gelohnt! Es stellte sich heraus, dass es die allerbeste Entscheidung war. (...)
de_LULëtzebuergesch