Dir sidd beruffstäteg oder souguer schonn Elteren. Oft weess een net, wéi ee Beruff an d’Privatliewen ënnert een Hutt soll kréien. Eigentlech well een sech jo entspaant op säin Hochzäitsdag virbereeden, awer wéi soll dat alles fonctionéieren, wann den Dag nëmme 24 Stonnen huet? Idealerweis gëtt een just 1 Mol am Liewen bestuet, an do well een natirlech, dass alles perfekt leeft. Privatliewen soll op kee Fall an den Hannergrond geréckelt ginn.
Wann Dir also Är Verlobungszäit genéissen wëllt an Iech zeréck leenen wëllt, Äert Privat- a Berufsliewen wärend de ganze Virbereedungen entspaant, harmonesch wei och stressfräi soll oflafen, dann iwwerloosst et net dem Zoufall.
Ech presentéieren Iech Locatiouns, déi an ären Budget sou wei an Är Wësch a Virstellunge ra passen. Unhand vun enger Powerpoint kennt dir Iech aus dëse Locatiouns maximum 2 Favoritte raussichen.
Elo maachen ech mech op Déngschtleeschter Sich hei kucken ech no ären Prioritéiten. Ech wäert den éischte Kontakt mam Déngschtleeschter ophuelen an no engem Devis froen. Ech vergläichen Devis'en. Dono wäert ech mat Iech Récksprooch halen a jeenodeems wei een Déngschtleeschter et ass wäert hin sech och emol kuerz bei Iech mëllen.
Am Laf vun de Virbereedunge wäerte mir eis eng 2-3 mol zesumme setze fir wichteg Detailer ze beschwätzen an ëmmer erëm een Iwwerbléck ze hu wou mer an der Planung stinn. Dëst ass, wier dass dir gesitt dass näischt vergiess geet mee awer och fir mech, dass ech genau op Är Wënsch kann agoen.
Bei da Locatioun Besichtegung, hutt dir Méiglechkeet zesumme mat mir Locatioun kucken ze goen oder eleng. Ob der Locatioun selwer sinn ech och do fir déi richteg Froen ze stellen. Wann dir eleng gitt, ginn ech Iech och gäre Froe mat déi wichteg sinn ze froen.
Ech liwwere Resultater , well um Enn vum Dag ass et net déi perfekt Dekoratioun déi zielt, mee dass alles klappt och wann d'Welt ënnergeet
- Mia Weydert, Weddingplanerin
An éischter Phase wäerte mir ee Budgetsplang opstellen hei wäerte mer och Är Prioritéiten a Wënsch opschreiwen. Eng grob Timeline kenne mer och schonn diskutéieren.
Dono maachen ech mech, dann op Sich no Ärer Dram Locatioun. Wann Locatioun bis steet schreiwen ech déi Déngschtleeschter un déi just emol op engem Dag kenne gebucht ginn a froe mer hei Devis’en un a vergläichen dës.
Zum Schluss iwwerginn ech Iech all Donnéeë vun den Déngschtleeschter an Ofstëmmungen esou dass dir Iech kennt ee propperen Dagesplang kennt opstellen.
Déi mëschte Brautkoppelen déi mat mir zesumme schaffen, mierke wéivill Aarbecht se kënnen u mech ofginn. Dass se un sech guer net mei souvill mat de Virbereedunge vun der Hochzäit ze dinn hunn. Se soe mir hir Wënsch a Virstellunge wei Hochzäit ausgesinn soll. Dat ganzt Organisatorescht a Bürokratescht leit bei mir. An de Gespréicher bemierken se ereicht wat alles Hannendrun ofleeft a si frou dass se all dës Aarbecht net hunn!