Eng Juni Hochzäit, wou Brautpuer meng Hëllef am Ufank just fir Locationsich gebraucht huet. Am Laf vun dëser Rees huet sech awer séier eraus gestallt, dass si och Ënnerstëtzung um Dag vun der Hochzäit wollten. Dëst war natierlech kee Problem, an esou hunn ech als Wedding Day Managerin dofir gesoucht, dass si sech konnten zerécklehnen an den Dag mat hire léifste konnte genéissen. Souwuel hire Getting Ready , wei och dono de Couple Shooting konnten se ouni sech ze vill Gedanken ze maache genéissen.