Wedding Day Manager

Um Hochzäits­dag gëtt et  keng General­prouf

Dir wëllt Iech gären zu 100% op Är Famill an Frënn fokusséieren an ären Dag genéissen?

Dir wëllt Iech den Dag selwer ëm näischt méi këmmeren? Den Dag soll strukturéiert sinn an et sollen keng Lächer entstoen? Jiddereen soll weessen wéini ee wat ze maachen huet? Dir wëllt net fir all méiglech Froe Ried an Äntwert stoen? 

Wann dir all dës Froen mat Jo beäntwert hutt, dann iwwerlosst näischt méi dem Zoufall well eng Hochzäit feiert een beschtenfalls just emol. Huelt Iech eng Uspriechpartnerin un Är Säit an zweifelt net méi drun.

Dëst ënner­schätzen déi meeschte Braut­koppelen

Stellt Iech vir: 

Dir sidd 1-1,5 Joer am gaangen ze Plangen an investéiert ganz vill Suen. Et ass esou weit de groussen Dag ass endlech do an… et ass keen do wou Planung um Dag selwer ëmsetze kann!

Oft héiert een, dass Brautpuer um Dag vun hirer Hochzäit gestresst ass, an dowéinst hiren Dag net genéisse kennen. All Mësch huet 100 Froen zum Oflaf an Déngschtleeschter, wëssen net, wéini se wou hi mussen. 

Dir kritt een Uruff vun erëm Freiriedner, dass den am Stau steet an Trauung eng hallef Stonn méi spéit muss ufänken. An elo? Du als Braut setz awer grad beim Make-up Artiste a weess net weis du dës Nouvelle solls weider ginn. Panik brécht aus… Wann dir Iech awer am Virfeld fir eng Weddingplanerin entscheede hutt, kennt dësen Uruff net mol bei Iech un, an dir braucht Iech dorëms guer keng Gedanken  ze maachen. Nee am a kennt ganz relax op Trauung fueren. Nee ganz am Géigendeel  dir kennt ouni Stress op Trauung fueren. All Androck wouer huelen. An dir wësst dass een do ass den all Rieder um lafen hellt.

Dëst fënns du alles a mengem Wedding Day Manager Pak:

Virgespréich mat der Brautkoppel

8-6 Woche virun der Hochzäit treffe mir eis vir ee Gespréich. Bei dësem Gespréich soll Är Hochzäit quasi fäerdeg geplangt sinn, sou dass dir mir kennt all Kontakt weider ginn an dir mir am Detail är Wënsch a Virstellunge kennt soen

Dagesplang Opstellung

Nodeems dir mir alles gesot huet, stellen ech een detailléierten Dagesplang op esou, dass all Déngschtleeschter wei och Är Famill a Frënn déi mat um Hochzäitsdag bedeelegt si genau wësse wéini se zum Asaz kommen. Dëst soll hinne Sécherheet ginn, domadder si sech net fir alles Verantwortlech musse fillen. 

Déngschtleeschter Informéieren

Och kontaktéieren ech 4 Woche virun der Hochzäit är Déngschtleeschter a kucke konkret hier Punkten um Dagesplang nach emol. Esou dass zum Schluss all Déngschtleeschter déi Infoen hutt déi dir mir um Virgespréich ginn huet. Och Informéieren ech Déngschtleeschter driwwer dass ech ab elo déi éischt Uspriechpartnerin fir si sinn. Esou dass dir Iech ab elo kennt zeréck leenen.

Um Dag vun der Hochzäit

Da si mer och scho bei Ärem Dag ukomm. De soll fir Iech stressfräi oflafen an dowéinst sinn ech mam 1 Déngschtleeschter op der Locatioun. Hei koordinéieren ech dann alles an ech sinn déi 1 Uspriechpartnerin fir jiddereen
de_LULëtzebuergesch